Eis Prouwen ënner der Leedung vum Chef Johny KIRTZ fänken e Mëttwoch 20.09.17 um 19:30 Auer un. Duerno as erëm all Mëttwochs a Freides vun 20:00 bis 22:00 Auer Prouf.
Wann där Loscht huet mat eis zesummen Musek ze machen, wann där Musek léieren wëllt oder no langer Zäit mol erëm probéieren wëllt ob där nach mat ärem Instrument eens git, kommt an eisen Proufsall am Centre Culturel "opderschmelz", 1 rue du Centenaire zu Diddeleng Mëttwochs oder Freides tëschent 20:00 an 22:00 Auer.
Bis geschwënn.
MINIMUSIKANTEN - HaFoKidS
Zënter Ufanks 2010 hun mär e flotten Grupp vun Kanner ab 4 Joër déi op eng spilleresch Manéier lues a lues un d'Musek erungefouert gin. Dat sin eis MINIMUSIKANTEN. All Dënschtes vun 18:00 bis 19:00 Auer GRATIS an eisem Proufsall am Centre Culturel "opderschmelz". Kommt einfach mat ärem Kand an macht mat. Den NICO 691 640924 an d'CHRISTIANE 691 530717 fréen sëch op ären Besuch.
Détailer fant där an der Rubrik MINIMUSIKANTEN
---------------------------
Wann se dann bis an der Musikschoul sin an een Instrument spillen, da kënne si bei eisen HaFoKidS, ënner der Leedung vum Marc VALLETTA
661 142822, hier éischt Schrëtt an engem Orchester machen!
Prouf, all FREIDES vun 18:45 bis 19:45 Auer.
GEHAANSBLÉISER DIDDELÉNG
Där braucht een Super Orchester fir ärt Fest oder Feier?
Eis Showband, "D'GEHAANSBLÉISER" ënner der Leedung vum Chef Raymond DAUBER, sin zanter méi ewéi 20 Joër genau dat wat där braucht.
Flott an bekannte Melodien fir ze feieren, mat ze sangen an ze danzen.
Fir all Renseignementer an Réservatiounen rufft den Roger MULLER um 691 521017 un!
SPONSOR-POOL 2017
HAFOSUD & SPONSORS
"ENG FLOTT EQUIPE VOLL HARMONIE"
Brasserie AMARCORD
Pizzeria ANTICA BARI
Fleurs BEIM BONSAÏ
Optique CLEMENT & GRASSINI
Jardinier CONTINS FILIPE
Restaurant-Hôtel COTTAGE
Etablissements CUIR-SHOP
Restaurant-Pizzeria GARIBLADI
Restaurant LA TABLE DU CHEF
Restaurant LI-ZHOU
Ristorante-Pizzeria MAMMA MIA
Restaurant MILLE 9 SENS
Etablissements MUSIC & TOOLS
Restaurant STEAK-HOUSE
Etablissements AU TASTE'VINS
Etablissements TAXIS CONFORT
VOYAGES FLAMMANG
Dat as eisen Sponsor-Pool 2017.
Där wëlt eis als Sponsor oder VIP-Member ënnerstëtzen?
Git op d'Säit SPONSORING kucken an sid mat dobäi!
Mär soën am Viraus MERCI.