Prochain concert "SHOWCONCERT 24" de nos "HAFOwinds" le 27.04.2024 à 19:30h
   
  HARMONIE FORGE DU SUD DUDELANGE
  Geschicht 3 CONCORDIA vum Gast Bonenberger
 
HARMONIE CONCORDIA

Diddeleng war eng "jonk" Stad, an dat kulturelt Liewen huet sech haaptsächlech am Zentrum
ofgespillt. Esou koum et, datt 1911 op engem waarme Summerdag, beim "Gosspéitchen" virun
der Dier op enger Bänk, e puer Hären doriwwer geschwat hunn, fir dat ze änneren. Si hunn
décidéiert e kulturelle Veräin op der "Schmelz" ze grënnen.
Den 1. Juni 1911, owes um 9 Auer, war beim "Gosspéitchen", (Café Frantzen-Schmit) eng
Grënnungsversammlung ugesot. Den Här Jos Hirschberger huet de Sënn vun dëser
Versammlung erkläert, an d'Décisioun eng Musek ze grënne war vun deenen 9 Leit séier geholl.
De provisoresche Comité huet esou ausgesinn:
President:          Herckmanns Guillaume
Vizepresident:    Hirschberger Jos.
Caissier:            Kohner J.P.
Sekretär:           Biermann Guillaume
Memberen:        Götzinger Jean; Weis Nic; Koppes W.; Ross Pierre; Hengesch Jos.
Dëse provisoresche Comité huet Statuten ausgeschafft, déi der éischter Generalversammlung,
den 22. Juni 1911, virgeluecht goufen.
An dëse Statute gouf ënner anerem festgehalen datt de Sëtz vun der Gesellschaft op kee Fall
dierft aus dem Quartier "Schmelz" erausverluet ginn, an datt all Comitésmember och misst op
der "Schmelz" wunnen.
De provisoresche Comité ass bestätegt ginn, mat Ausnahm vum
Här Biermann, deen op säi Mandat verzicht huet, an duerch den Här Jean Simon op dem
Sekretärsposten ersat gouf.
Als Keesserevisore sinn d'Hären N. Berg, E. Hippert an J. Weyrich gewielt ginn.
An senger Sitzung vum 12. Juli 1911, huet de Comité beschloss, entgéint der Meenung vum
Dirigent, dem Här Alph. Salomon (genannt Petit Joseph) dee fir eng Fanfare wor, datt deen
neie Veräin "Concordia" sollt eng Harmonie ginn.
Fir d'Käschte vun den éischten Instrumenter ze decken, hu verschidde Leit zesummen
186,25.- Frang gespent:
Herckmanns 62,50; Hirschberger 12,50; Kohner 12,50; Hengesch 12,50; Ross 12,50;
Hippert 12,50; Frantzen 12,50; Berg 8,75; Weyrich 5,00; Götzinger 5,00; Weiss 5,00;
Brauerei H.Funck 25,00

De 25. Juli 1911 war déi éischt Musikanteversammlung, wou och d'Veräinsmutz erausgesicht
ginn ass, déi Musikanten hu misse selwer bezuelen, de Präis war 3.- Frang.
Den éischten Ausgang vun där jonker Gesellschaft war de 6. August 1911 beim Blummefest
zu Volmerange-lès-Mines.
Fir ze verhënneren datt eben dësen éischten Ausgang sollt am Ausland sinn, gouf virdrun e
Cortège an Diddeleng organiséiert.
Den éischte Concert, ënnert dem Dirigent Jos. Salomon, mat Bal duerno, war den
22. Oktober 1911 am Sall Frantzen-Schmit.
1912 war e Joer wou e puer Saache ganz besonnesch z'ernimme sinn!
"D'Concordia" huet fir 400.- Frang hiren éischte Fändel kritt, deen haut am Proufsall vun der
"Harmonie Forge du Sud" hänkt.
D'Finanzéierung vun der Gesellschaft war net einfach, an en Instrument konnt nëmme géint
boer Geld kaaft ginn.
Den 23. Juli 1912 huet de Comité, ouni déi néideg Suen ze hunn, bei der Firma Wirion Frères
an der Stad, 12 nei Instrumenter bestallt.
Wéi, no längerem Waarden, d'Firma Wirion drop bestan huet fir endlech ganz bezuelt ze ginn,
huet misse bei engem Geschäftsmann vun der "Schmelz" e Kredit vun 1000.- Frang opgeholl
gi fir de Rescht vun der Schold ze bezuelen.
En turbulent Joer war 1912 an deem Sënn, well et eng uerdentlech Generalversammlung an
2 ausseruerdentlech Generalversammlunge gouf.
Déi éischt ass ageruff gi well den Här Herckmanns (President) an den Här Simon (Sekretär)
demissionnéiert haten. An hir Plaz koumen d'Hären Hirschberger (Präsident)
a Benoit P. (Sekretär). Vizepräsident ass den Här Jean Lorang ginn.
Déi zweet war néideg fir d'Memberen doriwwer opzeklären, datt d'Hären Salomon a Gerend
aus der Gesellschaft ausgeschloss gi waren, well si verschidde Musikante géint den
Här Hirschberger opgestëppelt haten.
Duerch dës Situatioun ass fir kuerz Zäit am "Schmelzer Quartier" eng zweet Musek entstan
"d'Fanfare de Dudelange" ënnert der Leedung vum Här Salomon, deen esou seng Iddi vun
enger Fanfare wollt duerchsetzen.
Dat huet sech esou ausgewierkt, datt op där enger Säit vun
der Strooss déi kleng,haaptsächlech Holzinstrumenter, ënnert der Leedung vum neien
Dirigent, dem Här Albrecht geprouft hunn, an op där anerer Säit, mam Här Salomon, waren
et d'Blechinstrumenter. Dësen Zoustand war glécklécherweis nëmme vu kuerzer Dauer, an
"d'Concordia" konnt sech lues a lues, trotz de schwirege Krichsjoeren, entwëckelen.
1920 huet "d'Schmelzer-Musek" fir d'éischt un engem Concours zu Diddeleng selwer,
deelgeholl, ass an d'Divisioun lll aklasséiert ginn, a gouf och definitiv an d'UGDA opgeholl.
Am Laf vun de Joeren ass d'Schmelzer Musek nach op verschidde Concourse gaang a war
schliisslech an der Divisioun l A aklasséiert.

1955 sollt fir "d'Schmelzer-Musek" de Knackpunkt ginn an hirer Existenz ginn.
Ee Grond duerfir war de Concours zu "Sables d'Olonne" a Frankräich. Dat schlecht
Ofschneide bei dësem Concours, duerch Ëmstänn un deenen zu engem groussen Deel
d'Musek net selwer Schold war, huet grouss Onzefriddenheet an Oneenegkeet an de
Veräi bruet.
En zweete Grond war, datt duerch Verspriechen op eng besser Aarbechtsplaz oder
méi en héije Loun, Musikante souwuel vun der "Schmelzer-Musek" wéi och vun der
"Biergaarbechter-Musek" fortgelackelt goufen. D'Resultat war, datt a manner wéi engem Joer,
méi wéi d'Hallschent vun de Musikante vun der "Concordia" fortgaange sinn.
Vun dëser Kris sollt "d'Schmelzer-Musek" sech ni richteg erhuelen, och wann ee mat Momenter
konnt mengen, elo geet et nees biergop.
1975 war den Zäitpunkt komm, wou béid Gesellschaften, "d'Concordia" an och
"d'Biergaarbechter Musek", op Grond vun der Zuel vun hire Musikanten, dem Manktem un
Nowuess, wéi och duerch hir finanziell Situatioun, nëmme méi eng gemeinsam Zukunft
gesinn hunn. An obwuel gewosst war, datt alt nees eng Kéier verschidde langjäreg Musikanten
net géife bei der Stang bleiwen, sinn den 21.12.1975 an den 04.01.1976, zwou
Musikanteversammlungen ofgehale ginn, mat Bléck op eng Fusioun
"Bieraarbechter-Musek" - "Schmelzer-Musek".
De 07.03.1976 ass an de Generalversammlunge vun deenen zwou Gesellschafte beschloss
ginn eng Fusioun ze maachen, an de 26. Oktober 1976 war am Sall "Las Vegas"
Grënnungsversammlung vun der "HARMONIE FORGE DU SUD“

BONENBERGER Gast
 
  Haut waren 177517 Besucher (462191 Hits) hei!  
 
Diese Webseite wurde kostenlos mit Homepage-Baukasten.de erstellt. Willst du auch eine eigene Webseite?
Gratis anmelden