Prochain concert "WANTERGALA 25" de nos "HAFOwinds" le 20.12.2025 à 19:30h
   
  HARMONIE FORGE DU SUD DUDELANGE
  Info-Archiv 11-12.2011
 
----------------------------------
05.11.2011 07:25
HAPPY BIRTHDAY

Alles Gutts dem Mireille dat haut seng 24 Joër feiert!
----------------------------------

08.11.2011 11:55
GRILL CACTUS 04.+05.11.11

Allen déi beim Grillen zu Kayl beim Cactus dobäi waren een groussen MERCI!
Där hut erëm SUPER geschafft an, wéi soll ët och anescht sin, och erëm een néien Rekord opgestallt!
Ganzer 1.887,10 € sin Netto an d’Kees kom. (Dat bescht war bis elo 2010 mat 1.775,79 €)

Vun 2003 un hu mär bis elo 10.681,30 € mat deem Gegrills an d’Kees krit.
-----------------

09.11.2011 10:10
HAPPY BIRTHDAY

Alles Gutts dem Christoph den haut seng 26 Joër feiert!
----------------------------------
13.11.2011 09:23
HAPPY BIRTHDAY

Alles Gutts dem Christian den haut seng 40 Joër feiert!
----------------------------------
15.11.2011 10:20
BAL "FUESOPENING MAM FAUSTI" 11.11.2011

Jidderengem een groussen MERCI deen matgespillt, matgeschafft oder einfach nëmmen do war!

Mär haten een flotten Owend an hun eis gut mam Fausti amuséiert.
Obwuel e puer Léit méi hätten kéinten do sin (151 Entréen) hun mär, wan och nët super, trotzdem gut geschafft.
Netto sin 1.279,32 € an d’Kees kom.--------------------
15.11.2011 11:00
STE. CECILE 19.11.2011


Vu dass d’Prouf fir déi 4 Stëcker virun der Mass as, kënne mär en Freideg 18.11.11 eng normal Prouf um 20:00 Auer an eisem Museksall ofhalen!!
--------------------

22.11.2011 10:40
PROGRAMM FIN D'ANNEE

Well elo nach esou munches um Programm steet bis zum Enn vum Joër, hei nach eng Kéier d’Rendezvousen.

Hafosud - AGENDA

Mercredi

23.11.2011

20:00 heures

Répétition

Salle des répétitions - Centre Culturel

Vendredi

25.11.2011

20:00 heures

Répétition

Salle des répétitions - Centre Culturel

Dimanche

27.11.2011

15:00 heures

Concert Turnveräin

Hartmann Dudelange

Mercredi

30.11.2011

20:00 heures

Répétition

Salle des répétitions - Centre Culturel

Vendredi

02.12.2011

19:00 heures

St. Nicolas Hafosud

Salle des répétitions - Centre Culturel

Vendredi

02.12.2011

20:00 heures

Répétition

Salle des répétitions - Centre Culturel

Dimanche

04.12.2011

09:45 heures

Cortège Ste. Barbe

Hôtel de Ville Dudelange

Dimanche

04.12.2011

14:30 heures

Cortège St. Nicolas

Route de Luxembourg Dudelange

Vendredi

09.12.2011

20:00 heures

Répétition

Salle des répétitions - Centre Culturel

Jeudi

15.12.2011

19:30 heures

Répétition générale 1

Salle des répétitions - Centre Culturel

Vendredi

16.12.2011

19:30 heures

Répétition générale 2

Salle des Concerts - Centre Culturel

Samedi

17.12.2011

20:00 heures

Concert de Noël

Salle des Concerts - Centre Culturel

Vacances jusqu'au 06.01.2012

Also, niewt den Prouwen nach folgendes:
E Sondeg 27.11.2011 as de Concert fir den Turnveräin am Hartmann.

Rendez-vous um 14:00 Auer am Proufsall oder um 14:30 am Hartmann.

Tenue: Blo Jeans an bloën HAFOSUD Polo.

E Freideg 02.12.2011 ként de Kleeschen virun der Prouf, also um 19:00 bei eis Kanner.
Rendez-vous um 18:45 am Proufsall.

Tenue: Normal

E Sondeg 04.12.2011 sin mär mat 2 Cortègen de ganzen Dag am Asaaz!
Rendez-vous um 09:45 Auer am Proufsall oder um 10:00 an der Gemeng.

Départ vum Cortège vun der Gemeng bei d’Kierch um 10:15

No der Mass Cortège vun der Kierch bis op de Kierfech.

Duerno zrèck an d’Gewerkschaftsheim wou ët een Patt gét.

Well mär mëttes schon erëm am Asaaz sin, an ze vermeiden dass jiddereen heem iessen goën muss,

gin mär um 12:30 am Restaurant DA FRANCO erwart fir entweder eng Spaghetti oder eng Pizza.

D’Musek bezillt dat!

Um 14:20 muss mär dann an der Lëtzebuerger Stroos beim Kierfech sin fir de Kleeschenscortège.

Départ vum Cortège as um 14:30.

Tenue: Uniform a Mantel

Déi 2 Generalprouwen Donneschdes 15.12.2011 (1ten Deel vum Concert) an Freides 16.12.2011 (2ten Deel)
gin all Kéier um 19:30 un!

De Krëscht-Concert as dann den Samschden 17.12.2011.
Mär hun Rendez-Vous um 18:30 am Proufsall.

D’Oofstëmmen as pünktlech um 19:00 Auer.

d’Dieren vum Sall gin um 19:30 Auer op.

De Concert gét um 20:00 Auer un.

Duerno as Vakanz bis den Freideg 06.01.2012 wou déi éischt Prouf 2012 as.

Eisen Chef huet och schon ugekénnegt bis den SHOW-CONCERT, den 28.04.2012 d’Mëttwochsprouwen bäizebehalen!
Markéiert äerch also vum 06.01.2012 un all Freideg an all Mëttwoch am Kalenner.

--------------------

05.12.2011 14:00
PROGRAMM ÄNNERUNG
Op den Musikant(inn)en hieren Wonsch hin an, och fir eisen Renforten domaden d’Geleegenheet ze gin nach eng Prouf méi ze hun, huet eisen Chef folgendes décidéiert:

- EN MËTTWOCH 07.12.11 AS PROUF VUN 20:00 BIS 22:00 AUER !

- DEI EISCHT GENERALPROUF DEI EIGENTLECH DEN DONNESCHDEN 15.12.11 VIRGESIN WAR AS VIRVERLUECHT GIN OP DEN MËTTWOCH 14.12.11 VUN 19:30 BIS 22:00 AUER !

----------------------------------
11.12.2011 09:25
HAPPY BIRTHDAY

Alles Gutts dem Linda dat haut seng 61 Joër feiert!
----------------------------------

18.12.2011 10:20
CHRËSCHTCONCERT

Hoffen dass där all gut ausgeschlof hut an dass de Chrëschtconcert äerch esou gut gefall huet wéi mär.
De Concert an den ganzen Owend war SUPER! Dofir nach eng Kéier een grousse MERCI un äerch all !!
Nach ni waren esou vill Léit do an si waren all méi ewéi zefridden mat deem wat mär gebueden hun.
234 Biljeten si verkaaf gin an ët waren och 228 Léit am Sall, dat as absoluten Rekord an deenen 9 Joër wou eng Statistik gefouert gét!

Also, mär sin weiderhin um richtegen Wee an deen nächsten “Challenge” steet jo schon fest, den 28.04.2012 eisen Showconcert.
Elo as dann awer mol e beschen Vakanz fir ze Raschten, den Freideg 06.01.2012 gét ët dan erëm lass.
Vun den Schwäizer Kollegen nach een groussen Merci un äerch all vir den flotten Openthalt zu Diddeleng,
och hinnen huet alles gut gefall an si behalen nëmmen deen beschten Souvenir vun eis.
----------------------------------
23.12.2011 09:23
MESSAGE VUM CHEF


Eisen Chef huet mech gebieden äerch all per E-Mail folgendes matzedeelen:

“ Eisen Chrëschtconcert war fir mech “Excellent” an ech sin méi ewéi zefridden mat ärer Leeschtung.
Elo warden ech mat Spannung op den CD deen beim Concert opgeholl gin as a freen mech schons op déi nächst Aufgab an déi éischt Prouf den 06.01.2012.
Ech wënschen äerch alleguer ganz schéin Feierdeeg an een gudde Rutsch an dat néit Joër.

Bis geschwënn, Johny “
-----------------------
24.12.2011 09:25
HAPPY BIRTHDAY

Alles Gutts dem Flëp deen haut seng 35 Joër feiert!
---------------------------------
31.12.2011 11:45
GUDDE RUTSCH!!


Ech wënschen äerch all een gudde Rutsch an dat néit Joër!
-------------------------

 
  Haut waren 193943 Besucher (511714 Hits) hei!  
 
Diese Webseite wurde kostenlos mit Homepage-Baukasten.de erstellt. Willst du auch eine eigene Webseite?
Gratis anmelden