Den Samschdeg 24.04.2010 spillen mär eisen
GALA CONCERT 2010

Och dest Joër hun mär erëm e puer "SPECIAL GUESTS" agelueden fir mat ze machen.
Well mär Samschdes am éischten Deel vum Concert an Sondes Mëttes an der Extra-Virstellung fir Kanner,
RUMPELWOLF UND DORNENSTILZCHEN, een Kanner-Musical virstellen, hun mär de Pläséier äerch den
Kannerchouer "SÄNGER VUN DER BICH" vun Rodange ze präsentéieren.
D'SABRINA GERARD as deenen Léit, déi bei eisem Krëschtconcert 2009 dobäi waren schons een Begrëff.
Och beim GALA CONCERT as d'Sabrina erëm dobäi an wärt äerch mat senger schéiner Stëmm erfréen.
D'HAFOSUD gët jo ëmmer gären jonken Künstler d'Méiglechkeet fir hirt Talent op der Bühn ze präsentéieren
an dës Kéier as ët um PASCAL MULLER deen äerch e puer schéin Melodien séngt.
No 2002 as ët eis dann erëm eng Kéier gelongen den DOMINIQUE FLAMMANG, een Trompettist vun der Extra-Klass,
fir eisen GALA CONCERT ze kréien. Den "Dëm", um Instrument an och als Bijoutier-Créateur een unerkannten Künstler,
as eleng schons den Besuch vun eisem Concert wäert.
Den Sondeg 25.04.2010 um 17:00 Auer
gin mär dan eng EXTRA GRATIS VIRSTELLUNG
fir KANNER wou den Kanner Musical nach eng Kéier
opgefouert gët.
An och eis MINI-MUSIKANTEN machen beim Kanner Programm mat!
PROGRAMM CONCERT GALA 24.04.2010
RUMPELWOLF UND DORNENSTILZCHEN |
Christian Kunkel |
INTERMEZZO SINFONICO |
Pietro Mascagni |
THE SHOOP SHOOP SONG |
Rudy Clark |
|
|
PAUSE |
|
|
ANCHORS AWEIGH |
Charles A. Zimmermann |
A TRIBUTE TO GILBERT BECAUD |
Gilbert Bécaud |
Extraits de "Et maintenant" & "L'important c'est la rose" & "Nathalie" |
HARLEM NOCTURNE |
Johnny Otis |
A TRIBUTE TO YVES MONTANT |
Yves Montant |
Extraits de "C'est si bon" & "Les feuilles mortes" & "A Paris" |
TRUMPET CARNIVAL |
Willy Schobben |
AFRICA |
David Paich & Jeff Porcaro |
ITALO OLDIES |
|
Extraits de "Azzuro" & "Mamma Maria" & |
Paolo Conte/Vito Pallavicini; |
"L'italiano" & "Volare" |
Toto Cotugno/Cristiano Minellono; Migliacci |
GILBERT O'SULLIVAN |
Gilbert O'Sullivan |
Extraits de "Get down" & "Clair" & |
"Matrimony" |
CONCERTO POUR UNE VOIX |
Saint Preux |
|