Prochain concert "SHOWCONCERT 24" de nos "HAFOwinds" le 27.04.2024 à 19:30h
   
  HARMONIE FORGE DU SUD DUDELANGE
  Geschicht 1 BIERGAARBECHTER-MUSEK vum Jean Schlim
 

D’Gebuurtsstonn vun der “Forge du Sud” geet wäit zeréck.


Wéi all Staat haat, an huet och Diddeléng séng Quartiéen. Esou waar ët nët verwonnerlëch, datt noom Opriichten vun onserer Schmelz, Diddeléng een eenormen Opschwong erliewt huet, an ee beléift Ziel fir Awanderer gi waar. Och waar ët nët verwonnerlëch, datt deen Quartier, an deem sëch dë gréissten Deel vun onsen italiénëschen Mattbierger néiergeloos haat, dë Numm “Quartier Italien” kruut.
Och hun dës italiénësch Mattbierger dem heutëgen “ Quartier Schmelz” dë Numm “ Contrada Belgica” gin. An béid Quartiéen gouf schons ëm 1900 musizéiert. Et ass nët ausbliwwen, datt déi musékfrëndlëch Natioun all fräi Stonn genotzt huet, fir sëch zesummen ze sätzen an sëch hiirem léifsten Hobby, der Musék, zë widmen. Esou koum ët dozou datt Verschiddener vun hinnen sëch samsdës a sonndës noom «  Botcha » oder « Moraspill » zësumme gedoën hun, an a regelméissëgë Prouwen hiirt musikalëscht Wëssen zum Ausdrock bruet hun. D’Nimm vun dëse Leit sin haut leider nët méi bekannt. Et waar wuel eng léif a lëschtëg Gesellschaft, mee et huet un Disziplin an Uerdnung gefeelt, ouni déi jo bekanntlëch keen Zesummëspill méiglech ass. Am Joër 1911 hun sëch dunn ë puer muddëg Bierger zesummefond, an hun eng Gesellschaft mam Numm “ Fraterlanza”, besser bekannt ënnert dem Numm « Italiénësch Musék », gegrënnt. Eng Benennung, déi och weider am Voléksmond op  « d’Fraternelle » an Biergaarbechter-Musék iwwerdoë gin ass. Als zweetéelsten, esouwuel, waat d’Joëren, esou wéi d’Aktivitéit an der Gesellschaft ubelaangt, erlaaben ëch mër ee klengen Rëckbléck ze maachen. Den Numm “ Fraternelle” gouf 1938 no deems dës italiénesch Gesellschaft an eng lëtzebuergesch emgëdeeft gi waar, ugeholl. Bei der Aweihung vum Fändel vun der “Fraternelle” stoungen d’Madame Mia Solangna an dën spéideren President Här Arthur Schmidt Giedell a Pätter.

Dësem Fändel sollt awer keng laang Liëwensdauer gegënt sin: Beim Amarsch vun der däitscher Wehrmacht gouf de Fändel zu Esch/Alzette vernicht. D’Gesellschaft “Fraternelle” gouf opgeléist an eng néi Gesellschaft “Doppo lavoro” mam Numm “Giacomo Puccini” gegrennt. D’Follëg ass nët ausbliwwen, dën Gros vun den Musikanten ass an déi aaner zwou Gesellschaften “ Staatermusék “ oder “ Concordia” iwwergewandert. Noom Krich, den 25.Februar 1945 genau, gouf d’Gesellschaft ërem nei gegrënnt an zwar op d’Drängen vun engem Gemengerootsmitglied an der Persoun vum Etienne Schumacher. Den éischten President waar den Här Arthur Schmidt, Vice-President den Här Emile Zigliana an Sekretär den Här Pierre Bodry. Et koum eng schwéier Zäit fir déi nei gegrënnten Gesellschaft. Waat vu Material vun der Italienescher Gesellschaft iwwrëg bliwwe waar konnt nët verwännt gin, well dëss Instrumenter an enger fir ons friemer Tounaart waaren. Als Numm fir d’Gesellschaft gouf, bedingt duerch den Fait, datt vill Biergleit  mattgëspillt hun, sëch op dë Numm “ Biergaarbechter-Musék” gëénegt. Finanziell waar d’Gesellschaft esou schlecht drun, datt den Dirigent op eng Pei verzicht huet, an d’Prouwen gratis ofgehaalen huet. Et waar dëst dem President säi Brudder, dën Här Felix Schmidt, an zwaar bis 1947. Duerno huët den Här Jean Michely dën Dirigentebengel iwwerholl an soumatt d’Gesellschaft vun der enëschter Divisioun, wou si 1945 zu Remeléng aklasséiert gi waar. Et koum een Opstiig op deen aaneren: zu Dikrëch den 17.05.48, den 10.06.51, den 29.06.52, zu Nanzeg den 27.06.54 ass d’Gesellschaft dun zu Athus an déi éischt Divisioun B gehuewen gin. Den 22.Februar 1959 huet den Här Michely dem Här Bastian Norbert den Dirigentebengel iwerréecht. Ennert dem Här Bastian konnt d’Gesellschaft nach eemol en Opstiig erliewen, an zwar den 26.Mai 1960 zu Woltz koum së an d’Divisioun 1A. Trotz nach schéinen Momenter, ersou den 6.November 1965  zu Beefort an den 9.Dezember zu Bieles wou d’Gesellschaft dräi mool 113 Punkten opweisen konnt, matt 114 wier se nach emol gestiigen.

Kuerz virun der Fusioun matt der “ Concordia “ haat den Här Bastian dem Här Josy Langers den Dirigentebengel iwerreecht . Den Presidentenposten huet den Här Arthur Schmidt bis 1965 äusgefouert, dunn huet hien krankheetshalber démissionéiert . Hien gouf eestëmmeg zum Eierenpresident ernannt. Säin Nofolger gouf den Här Jos Birden an nom Här Birden den Här Clement an ënnert dem Här Marcel Laudor gouf d’Fusioun matt der “ Concordia” décidéiert. Zë bemierken ass, datt 1975 den 25ten Anniversaire matt Fahnenweihe gefeiert gin ass. D’Paatenschaft haaten d’Madame Liliane Thorn-Petit an den Här Benny Berg iwwerholl. De Sekretär gouf méi oft gewiesselt. Noom Här Bodry koumen ënnert aaneren déi Hären Louis Rech, René Strainchamps a vun 1957 bis 1976 den Här Jean Schlim. Vice-President waaren ënnert aaneren déi Hären Théophil Schlim, Strainchamps René an Valentiny Alex. Wéi ersiichtlëch konnt deen oft gëwiesselten Numm vun der Gesellschaft ët nët verhënneren datt d’Kolleegialiteit derzou beigëdroen huet, datt dëss Gesellschaft sëch zu engem wichtegen Element am kulturellen Liëwen vun onser Stad erop gemausert haat. Op Grond vun der Tatsaach datt eng Stad ewéi Diddeléng onbedingt eng Alternativ zu onser grousser Statermusék bräuch, well jo schlussendlëch och deene Leit , déi nët onbedingt eischt Präisser opzeweisen hun d’Méiglechkeet ze gin an enger Gesellschaft zë musizéieren. An well déi Gesellschaften “d’Biergaarbeschter Musék” esougut ewéi “d’Concordia” Schwierëgkeeten mam Nowuess haaten, a finanziell och nët op dë bäschten Been stoungen, hun déi verantwortlëch Leit vun béiden Gesellschaften décidéiert, 1976 ze fusionéieren. Wann och vill Leit dëser neier Gesellschaft eng Iwerliewenschance vu knapp 5 Joër gin haaten, mussen së dach haut feststellen, datt se Ligen gestrooft gi sin, an datt dëst déi eenzëg richtëg Astellung waar. Mir bleiwt ze wënschen, dat ët och nach no 25 Joër weider geet, an datt,wéi an der Vergaangenheet, d’Kolleegialitéit virun allem priméiert.

 

SCHLIM Jean

 
  Haut waren 177524 Besucher (462198 Hits) hei!  
 
Diese Webseite wurde kostenlos mit Homepage-Baukasten.de erstellt. Willst du auch eine eigene Webseite?
Gratis anmelden